Eng vun de Prioritéite vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit ass et aus der gesetzlech verankerter Egalitéit och eng gelieften Egalitéit ze maachen. Effektiv ass et esou, datt des Egalitéit op ganz ville Platzen nach laang net erreecht ass, an do gëllt et aktiv ze sinn oder ze ginn. Sief et fir de ganz jonken Alter (zum Beispill a Schoulen an a Maison Relaisen), oder och op villen anere Platze wéi op der Aarbecht, am Sport oder och nach an der Politik, Inegalitéiten tëscht Mann a Fra gëtt et och weiderhin!
Dofir setzen de MEGA a seng Partner sech derfir a fir ze sensibiliséieren a punktuell z’intervenéieren, duerch Material, Atelieren a Formatiounen. Nom Rock de Rack 2019 war eng vun den Demande vun de Participanten, fir net just op engem Dag, op sou engem Festival, all déi flott a wichteg Atelieren ze proposéieren, mee dëst och méi oft am Joer. Kuerzerhand ass doropshin de MEGA-Katalog entstane, wou déi verschidden entwéckelte Workshops a Materialie presentéiert gi fir dës ze perenniséieren.
Dësen neien MEGA-Katalog ass esou opgebaut datt – egal wéi ee Kontext iech op dës Säit bruecht huet – dir schnell entdecke kënnt wat fir eenzel Projete ginn déi iech hëllefe kënnen, an ënnert wéi enge Konditiounen. Dofir sicht dir deen Ament entweder als:
Falls dir hei net dat fonnt hutt wat dir iech erwaart hätt, zéckt net d’Ekipp vum MEGA ze kontaktéiere fir ze kucke wat mir fir iech “sur mesure” kënnen opsetzen.